Den Nationalmusée fir Naturgeschicht zu Lëtzebuerg an den Naturschutzsyndikat SICONA sammelen Informatiounen iwwert d'Virkommen an d'Verbreedung vu verschiddene liicht erkennbare Päiperleksaarten. Et sinn zéng Aarten, déi een nach zimmlech heefeg ze gesi kritt, och wann hir Zuelen ofhuelen.
Fir esou vill ewéi méiglech Donnéeën ze kréien, biede mir Iech eis matzedeelen, wou a wéini Dir ee vun dëse Päiperleke gesinn hutt. Dës Informatiounen hëllefen eis besser ze verstoen, firwat des Aarten méi seele ginn a wat mer kënne maache fir se ze erhalen.
Mat der Aktioun Päiperlek wëlle mir och op d'Gefäerdung vun de Päiperleken opmierksam maachen.
De Flyer mat deenen 10 gesichten Aarte fannt Dir hei.