Schachbriet
Melanargia galathea
Erkennen!
D'Schachbriet ass mat senger schachbrietaarteger, schwaarz-wäisser Zeechnung net ze verwiesselen. Trotz senger wäisser Grondfaarf gehéiert d'Schachbriet net zu de Weißlingen, mä zu den Afalteren, wat gutt un den Aflecken virun allem op der Ënnersäit z'erkennen ass.
Wousst der schon?
D'Schachbriet gehéiert zu den typeschen Aarte vun de blummeräiche Wisen, déi ëmmer méi seele ginn. Domadder ass et representativ fir vill Päiperleksaarten, déi an onser intensiv genotzter Landschaft ëmmer méi Liewensraum verléieren. Si brauchen alleguer Är Hëllef. Maacht mat beim Schutz vun de Päoperleken!
Quell: Schmetterlinge entdecken, beobachten, bestimmen. Die 150 häufigsten tagaktiven Arten Mitteleuropas. Haupt.
Foto: Simone Schneider