Är Beobachtungen - Aleedung

Beobachtungsportal fir erfueren Naturalisten

Wëllt dir reegelméisseg Är Naturbeobachtunge mat aneren deelen? Dann recommandéiere mir iech, e perséinleche Kont opzemaachen.

E perséinleche Kont vereinfacht d’Saisie an d’Gestioun vun ären Donnéeën. Esou kënnt dir Lëschte vun Aarten, déi dir op engem Standuert wärend engem Dag gesinn hutt, aginn a Fotoen eroplueden. Dir kënnt Är Beobachtunge kucken, verwalten an änneren a se op enger Kaart affichéieren. Spezifesch Input-Maske vereinfachen iech d’Saisie vu Beobachtunge vun Aarten aus deene verschiddenen taxonomesche Gruppen.

Experten iwwerpréiwen Är Beobachtungen a Bestëmmunge vun Aarten op hir Richtegkeet éier se an d’Datebank vum Musée transferéiert ginn. Als registréierte Benotzer kënnt dir d’Beobachtunge vun all den aneren Utilisateure kucken an dir kennt är Donnéeën eroflueden.

Eréischt nom Importéieren an d'Datebank vum Musée sinn d'Beobachtungen, déi dir um data.mnhn.lu aginn hutt, um Kaarteportal mdata.mnhn.lu ze gesinn.