Dëschtelpäiperlek

Vanessa cardui (=Cynthia cardui)

Erkennen!

Wéi den Amirol huet den Dëschtelpäiperlek eng schwaarzwäiss gefleckte viischt Flillekspëtzt. Hien huet eng orange Grondfaarf mat schwaarze Flecken. Op der Ënnersäit ass e kloer un den Aflécken op den hënneschte Flilleken z'erkennen. D'Déiere sinn oft blatzeg gefierft, well se als Wanderpäiperleke grousse Strapazen ausgesat sinn an dobäi Schuppe verléieren.

Wousst der schon?

Den Dëschtelpäiperlek ass e sougenannte Wanderpäiperlek. D'Déiere reproduzéiere sech am Summer bei ons, fléien duerno allerdéngs am Hierscht iwwer d'Alpen an de Mëttelmierraum, fir do z'iwwerwanteren. Déieren, déi probéiere bei ons z' iwwerwanteren, stierwe meeschtens. D'Dëschtel huet als Nahrungsplanz vun de Raupen eng grouss Bedeitung.

Dëschtelpäiperlek
Quell: "Schmetterlinge entdecken, beobachten, bestimmen. Die 150 häufigsten tagaktiven Arten Mitteleuropas.“ Seggewiße & Wymann, Haupt Verlag.
Dëschtelpäiperlek
Foto: Simone Schneider