Aktiounen - Gëff en Naturbeobachter
Biodiversitéit erfaassen
Maacht mat bei ons Aktiounen an hëlleft bei der Sich no bestëmmten Déieren, Insekten, Planzen an invasiven Aarten.
Hei drënner fannt Dir e puer Aarten, déi mir sichen. Fir méi iwwer dës Aarte gewuer ze ginn, klickt op d‘Info-Symbol "i" ënnert dem Bild. Do fannt dir och eng Beschreiwung fir d’Aarte besser ze erkennen.
Hutt Dir Loscht matzemaachen? Da notéiert einfach, wou Dir eng oder méi vun dësen Aarte gesinn hutt. Wielt dann d‘Aart aus a klickt op d’Symbol "+" fir är Beobachtung anzeginn.
Beobachtunge ginn an der Biodiversitéitsdatebank vum Musée gespäichert an dem Grand public zougänglech gemaach. Esou kënnen d‘Bierger*innen sech méi einfach mat der Thematik Biodiversitéit familiariséieren. Duerch dës Donnéeë kann d’Verbreedung vun den Aarten ënnersicht ginn a bestëmmt ginn, ob eng Aart am Gaang ass, zréck ze goen. Schutzmoossname kënnen esou besser definéiert an ugepasst ginn.
Kontakt: Tania Walisch (recorder@mnhn.lu)