Méi gewuer gin

Dateportal

Am Summer 2003 huet ee Wëssenschaftler vum Naturmusée d’Gottesanbeterin fir d’éischte Kéier zu Lëtzebuerg entdeckt. Dës typesch mediterran Aart ass zanterhier och op anere Plazen hei zu Lëtzebuerg gesi ginn. Dës Beobachtungen an d’Beobachtunge vun aneren Aarten hei zu Lëtzebuerg ginn an eng Datebank agedroen, déi et erméiglecht, d'Ausbreedung vun Aarten ze studéieren oder awer de Réckgang vu bedreeten Aarte festzestellen, fir se besser kënnen ze schützen. Dem Musée seng Biodiversitéitsdatebank Recorder-Lux enthält iwwer 1,7 Millioune Feldbeobachtunge vun Déieren- a Planzenaarten an iwwert 100.000 Donnéeën iwwert Specimenen aus senge Sammlungen (Planzen, Déieren, Fossilien a Mineralien). Trotz der beandrockender Zuel un Donnéeën ass d’Bestandsopnam vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg awer nach laang net komplett.

Wéi matmaachen?

De Musée huet Aktiounen op sengem Dateportal lancéiert fir d’Bierger opzefuerderen, sech um Inventaire vun der Biodiversitéit ze bedeelegen, andeem si hir Beobachtunge vun Aarten, déi invasiv sinn oder déi am Gaang sinn, zréck ze goen, an d'Datebank vum Musée ofzespäicheren. Déi méi erfueren Naturaliste kënnen hir Beobachtungen a speziell Masken, déi op déi verschidden Aartegruppen zougeschnidde sinn, androen.

Firwat sinn des Donnéeë gutt?

D’Donnéeën, déi Dir iwwert den Internet op eisem Portal androt, gi vun Experten nogekuckt éiert se an d’Biodiversitéitsdatebank vum Musée geluede ginn. Duerch dës Donnéeë kënne mir d’Verbreedung vun den Aarte studéieren a bestëmmen, op eng Aart am Gaang ass zréck ze goen. Des Donnéeën hëllefen dann och fir Naturschutzgebidder festzeleeën a bei der Landesplanung.

Zougank zu den Donnéeën

Dir kennt iech d’Biodiversitéitsdonnéeën zu Lëtzebuerg op eisem Biodiversitéits-Kaarteportal mdata.mnhn.lu ukucken. Mir verëffentlechen och e groussen Deel vun den Donnéeën um Weltportal vun der Biodiversitéit gbif.org (Global Biodiversity Information facility - GBIF) an och um Portal vun der Groussregioun, wat d’Verbreedung vun europawäit geschützten Aarten an der Groussregioun uweist.