Biodiversitéit

D'Biodiversitéitsdatebank vum Musée huet iwwer 4 Milliounen Daten iwwer d'Virkomme vun Déieren, Planzen a Pilzen. Hëlleft mat, d'Wëssen iwwer d'Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ze verbesseren, a gitt een Naturalist.

Maacht mat bei eisen Aktiounen

Fir erfueren Naturalisten

Kaweechelchen - Sciurus vulgaris - © Fernand SchoosWéngertsschleek - Helix pomatia - © Svenja ChristianSchlësselblumm - Primula veris - © Charles Reckinger Spréngerlek - Tettigonia viridissima - © Jiri Bohdal C-Päiperlek - Polygonia c-album - © C. Junck, F. Schoos Kéiseker - Erinaceus europaeus - © Michel GäblerHausspatz - Passer domesticus - © Tom Conzemius
Päiperleken an der Sammlung

Sammlungen

D'Sammlunge vum Musée ëmfaasse méi wei 100.000 Objete vun Déieren, Planzen, Mineralien a Fossilien.

Dir kënnt d'Objete vun de Sammlungen um Portal vun der Global Biodiversity Information Facility (GBIF) kucken.

Ons Sammlungen op GBIF

Aktivitéiten

Hëlleft bei der Sich no bestëmmten invasiven Aarten. Deelt ons är Beobachtungen mat. Fir méi Informatiounen zu invasiven Aarten kënnt der op neobiota.lu kucke goen.

Neobiota

Biodiversitéit zu Lëtzebuerg

Sicht an affichéiert d'Beobachtunge vun Aarten zu Lëtzebuerg op enger Kaart.

Biodiversitéits-Kaarteportal
 

Biodiversitéit weltwäit

GBIF logo

De Musée bedeelegt sech als nationale Knuet vu Lëtzebuerg un der Global Biodiversity Information Facility (GBIF), enger internationaler Dateninfrastruktur, déi Biodiversitéitsdonnéeë vun Institutiounen aus der ganzen Welt op engem eenzege Portal accessibel mécht.

Sicht nom weltwäite Virkommen vun Aarten op GBIF

Barcode vum Liewen

De Fuerschungszenter vum Musée bedeelegt sech um internationalen Barcode-of-Life-Projet. Zil ass den Opbau vun enger oppener Datebank, déi DNA-Referenzsequenze vun all Aart ob der Äerd enthält.

De Barcode of Life Projet