C-Päiperlek

Polygonia c-album

Erkennen!

Den C-Päiperlek huet e wäissen C op der Ënnersäit vu sengem hënneschte Flillek, dohier kënnt säin Numm! Soss erënnert en un de Klenge Fochs (Aglais urticae), seng Flilleke sinn awer um Bord méi gezackt.

Wousst der schon?

Den C-Päiperlek kënnt u Bëschränner an a Lichtunge, och mol am Oppeland bei Straich an Hecke fir. Seng Raupen ernähre sech vun de Blieder vu verschiddene Straich oder Beem, wéi Weeden, Hieselter oder Kréischelsstäck. Ofhängeg vun der Dageslängt entwéckelen sech verschidde gefierfte Forme vum C-Päiperlek am Laf vum Joer.

C-Päiperlek
Quell: "Schmetterlinge entdecken, beobachten, bestimmen. Die 150 häufigsten tagaktiven Arten Mitteleuropas.“ Seggewiße & Wymann, Haupt Verlag.
C-Päiperlek
Foto: C. Junck, F. Schoos