Keesermantel

Argynnis paphia

Erkennen!

De Keesermantel ass un der Uewersäit orange-schwaarz gezeechent a gesäit domadder de Nackerpäiperleken ähnlech. D'Männchen ass allerdéngs un de schwaarze Queeschstrécher um viischte Flillek vun dësen z'ennerscheeden. Am liichtsten ass de Keesermantel u senger Ënnersäit z'erkennen. Hei ënnerscheet e sech mat sengem grogréngelzech gefierften hënneschte Flillek mat wäisse Queeschstrécher däitlech vun de Nackerpäiperleke mat hiren Nackerflecken.

Wousst der schon?

De Keesermantel gehéiert zu de puer Päiperleksaarten, deenen een am Bësch begéint. Seng Liewensräim si sonneg Bëschränner a - lichtungen, ofgeholzte Plazen a Schneisen. Hei leet e seng Eeër an d'Stämm vun de Beem of. Vun hei aus mussen dann och d'Raupen, déi frësch schlüpfen, sech op de Wee maachen, fir Fudder ze sichen, meeschtens d'Veilchen.

Keesermantel
Quell: "Schmetterlinge entdecken, beobachten, bestimmen. Die 150 häufigsten tagaktiven Arten Mitteleuropas.“ Seggewiße & Wymann, Haupt Verlag.
Keesermantel
Foto: Simone Schneider