Biodiversitéit

D'Biodiversitéitsdatebank vum Musée huet iwwer 1,9 Milliounen Daten iwwer d'Virkomme vun Déieren, Planzen a Pilzen. Hëlleft mat d'Wëssen iwwer d'Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ze verbesseren a gitt een Naturalist.

Maacht mat bei eisen Aktiounen

Fir erfueren Naturalisten

Schlësselblumm - Primula veris - © Charles Reckinger Spréngerlek - Tettigonia viridissima - © Jiri Bohdal C-Päiperlek - Polygonia c-album - © C. Junck, F. Schoos Wéngertsschleek - Helix pomatia - © Svenja ChristianFangerhutt - Digitalis purpurea - © John van Breda Kaweechelchen - Sciurus vulgaris - © Fernand SchoosFeiersalamander - Salamandra salamandra - © Alexandra Arendt
Päiperleken an der Sammlung

Sammlungen

D'Sammlunge vum Musée ëmfaasse méi wei 100.000 Objete vun Déieren, Planzen, Mineralien a Fossilien.

Dir kënnt d'Objete vun de Sammlungen um Portal vun der Global Biodiversity Information Facility (GBIF) kucken.

Ons Sammlungen op GBIF

Aktivitéiten

Maacht mat beim City Nature Challenge 2019 tëschent dem 26 an dem 29 Abrëll. Klickt hei drënner fir den détailléierten Programm a fir ze gesinn ewéi et fonctionnéiert:

City Nature Challenge

Biodiversitéit zu Lëtzebuerg

Sicht an affichéiert d'Beobachtunge vun Aarten zu Lëtzebuerg op enger Kaart.

Biodiversitéits-Kaarteportal
 

Biodiversitéit weltwäit

GBIF logo

De Musée bedeelegt sech als nationale Knuet vu Lëtzebuerg un der Global Biodiversity Information Facility (GBIF), enger internationaler Dateninfrastruktur déi Biodiversitéitsdonnéeë vun Institutiounen aus der ganzen Welt op engem eenzege Portal accessibel mécht.

Sicht nom weltwäite Virkommen vun Aarten op GBIF

Barcode vum Liewen

De Fuerschungszenter vum Musée bedeelegt sech um internationalen Barcode of Life Projet. Zil ass den Opbau vun enger oppener Datebank, déi DNA Referenzsequenze vun all Aart ob der Äerd enthält.

De Barcode of Life Projet