Spréngerlek, Grashinchen

Tettigonia viridissima

Erkennen!

De Spréngerlek gehéiert zu deene gréissten, an, wéinst senger grénger Faarf, och zu deenen opfällegsten Heesprénger an eiser Géigend. Seng Kierpergréisst ass tëschent 3 an 4 cm an d’Fühler kennen och nach bis zu 5 cm laang ginn. Dës laang Fühler sinn en däitlecht Zeechen dofir, dass en zu der Famill vun de Lafschrecken (Tettigoniidae) an net zu den eigentlechen Heesprénger (Ënneruerdnung Caelifera) gehéiert. D’Männercher vun dësem wiesselwaarmen Insekt fänken am Nomëtten an der Sonn u mat sangen. Dofir sëtzen se an der Regel mam Kapp no ënnen un den héije Planzen an reiwen hir viischt Flilleken iwwert déi sougenannt “Zirpmembran”. D’”Oueren” vum Spréngerlek sinn un den Knéie vun deene viischte Been an et erkennt een se nëmmen un zwee klenge Schlitzer. Ausserdeem hunn se nach een méi speziellt Organ fir déi klengste Vibratiounen am Buedem ze spieren an dofir mierken se och ganz séier wann een an der Géigend ass, den se kéint friessen. Wann se dann awer flüchte mussen, benotzen se net nëmmen hir staark hënnescht Been, mä och hir voll entwéckelt Flilleke mat deenen se dann esouguer, an dat trotz hirer Gréisst, kënnen puer honnert Meter fléien.

Wousst der schon?

De Spréngerlek ass a ganz Europa an Asien ze fannen, woubäi en sech awer éischter net an méi kale Regiounen oder an den Bierger ophält. Obwuel se laang zu deenen heefegen Zorte vun Heesprénger gezielt hunn, sinn d’Zuelen awer, wéi bei villen aneren Déieren och, duerch d’Intensivéierung vun der Landwirtschaft a besonnesch duerch d’Benotzung vun Insektiziden staark zeréckgaangen. Haut profitéiert de Spréngerlek awer vum Ëmdenke vun der Gesellschaft a vun den ëmmer méi extensiv genotzte Flächen. Net nëmme wéineg benotzt Gréngflächen, mä och Borde vu Bëscher a sonneg Brooche gehéieren zu den Lieblingsplaze vun de Spréngerleken. Wichteg sinn och Beem an Hecke wou d’Männercher sech dra verstoppe kënne fir ze “sangen”. Well dësen Heesprénger deels och vun de Mënsche profitéiert ass en och oft an der Géigend vun Dierfer ze fannen.

Wann e Weibchen Owes vum Gesang vun engem männleche Spréngerlek ugelackelt gëtt, fänkt d’Puerung, déi ronn eng Stonn dauert, un. Mam Leestachel ginn da bis zu 600 Eeër an de fiichten a lockere Buedem geluecht an do entwéckelen se sech dann, deemno wéi, bis zu 5 Joer laang. D’Larven duerchlafen 7 Stadien bis se dann endlech als erwuessen Heesprénger aus dem Buedem kommen. Am Summer vermehren se sech an stierwen an deenen éischten Nuechte mat Frascht am Hierscht. Während dësem ganzen Zyklus lieft de Spréngerlek raiberesch an ësst fir d’ Éischt Blatlais an méi spéit och kleng Insekten, Raupen an deelweis souguer krank Aartgenossen. Am Géigesaz zu verschiddenen aneren Zorten, déi sech vu Planzen ernieren, ass de Spréngerlek also ganz nëtzlech an der Landwirtschaft.

Iwwregens, dësen Heesprénger kann net nëmme gutt héieren an fillen. Hien huet och nach grouss Facettenaen mat deenen e seng Feinde fréi erkenne kann, fir sech da séier hannert enger Planz ze verstoppen.

Spréngerlek, Grashinchen
Jiri Bohdal