Schlësselblumm

Primula veris L.

Erkennen!

Schlësselblummen, och nach Kuckucksblumme genannt, mat hiren typesche Bléien an deene ronzeleche Blieder, sinn nët ze verkennen. Et gëtt awer bei eis zwou Zorte vu Schlësselblummen: D'Wise-Schlësselblumm huet donkel giel Bléieblieder, déi wéi e klengen Triichter aus dem gréngen, opgeblosene Kellech erauskucken. All eenzelt Bléieblat huet an der Mëtt e klengen, orange Fleck. D'Bléie vun der Héijer Schlësselblumm (Primula elatior Hill), déi an de Lafbëscher virkënnt, si vill méi hell giel, méi grouss an ausgebreet. Hei gëtt et nëmmen ee méi groussen orange Fléck an der Mëtt vun der Bléih. De Kellech ass nët sou opgeblosen, mä läit un.

Wousst der schon?

No enger Seeche symboliséieren d'Bléie vun der Schlësselblumm dem Péitruss säi Schlësselbond mat de Schlëssele vun der Himmelspäertchen, deen him vu Schreck aus der Hand gefall ass, wéi hie gewuer gouf, dass et eng ganz Abberzuel Noschlësselen fir déi Päertche giff ginn.

Wann een sech d'Bléie vun der Schlësselblumm genau ukuckt, da gesäit een, dass et zwou Zorte vu Bléie gëtt: bei deenen enge kuckt de laange Griffel mat der Narb aus der Bléi eraus an d'Stëpsblieder sinn am Kellech verstoppt, bei deenen aneren ass et ëmgedréit, et gesäit een d'Stëpsblieder an d'Narb mat dem kuerze Griffel ass verstoppt. Wann elo en Insekt esou eng Bléi mat laange Stëpsblieder besicht, da gëtt de Pollen wäit hannen um Kierper ofgelueden, a kann deemno nëmmen eng Bléi vun der anerer Zort, wou de Griffel wäit eraus kuckt bestäuben. Sou ginn déi verschidde Genotypen ëmmer gutt duerchmëscht.

Guckucksblumm, Wise-Schlësselblumm
Foto: Simone Schneider