Hausroutschwanz

Phoenicurus ochruros

Erkennen!

Erwuesse Männercher si bal ganz schwaarz mat engem roude Schwanz an hunn e wäisse Fleck am Flillek. Weibercher an déi Jonk si grobrong mat engem roude Schwanz an et ginn esouguer Männercher, déi d’selwecht wéi d’Weibercher ausgesinn. Den Hausroutschwanz ass e bësse méi kleng wéi en Hausspatz.

Wousst der schon?

Den Hausroutschwanz lieft an onsen Uertschaften an ass nach zimlech heefeg zu Lëtzebuerg. Säin Nascht baut hien a Mauerlächer, op d’Dunnen a Scheieren an och a Vullenhaisercher mat enger grousser Entrées-Dir. Seng Eeër si wäiss. Den Hausroutschwanz ësst och haaptsächlech Insekten. Hien iwwerwantert ronderëm d’Mëttelmier an ass vu Mäerz bis Oktober zu Lëtzebuerg ze gesinn. A ganz mëlle Wantere kënnen och Hausroutschwänz zu Lëtzebuerg bleiwen.

Hausroutschwanz
Fotos: Jang Schock