Spatz, Mësch
Erkennen!
De Männchen huet eng gro Kopp an e käschtebrongt Genéck. De Réck ass brong a schwaarz gesträift. Iwwert d'Oueren an laanscht den Hals ass en hellgro, den Hals ass schwaarz an ennendrenner schéngt e knaschteg gro. Ausser der Bruttzäit sin d'Faarwe manner kontrasträich an di schwaarz Fierwung am Hals verschwënnt. D'Weibercher an di Kleng sinn am grousse Ganze méi gro an hu keng faarweg Kappzeechnung.
De Spatz ka sech ganz gutt upassen. Hie britt haaptsächlech an Uertschaften an ass d'ganzt Joer iwwer an der Agrarlandschaft op der Sich no Fudder.
Wousst der schon?
De Spatz staamt aus den Strauchsteppen vum mëttleren Orient an huet sech mat der Landwirtschaft verbreet. Haut kennt hie bal op alle Kontinenter vir.
De Spatz ass och gutt ugepasst fir eng Plaatz fir säin Nascht ze sichen. Well hien éischter en Hielebréier ass, benotzt hie ganz geschéckerlech déi ënnerschiddlechst Huelraim: Lächer an Maueren, ënnert Daachzillen, Rolluedekëschten, Nistkästercher, asw. De Spatz britt 2-3 mol pro Joer. Di Jonk gi virun allem mat Insekte gefiddert, ma déi ausgewuesse Spatze friesse virun allem Kären.
Ausserhalb vun der Bruttsaison begéint ee ganze Bande vu Spatzen, déi och gemeinsam Schlofplatzen hunn.