Himmelsdéierchen
Erkennen!
Jiddweree kennt d’Himmelsdéierchen. Well et als Glécksbrénger gëllt, wéinst senger witzeger Form an deene léiwe Punkten op de Flilleken ass et och ganz beléift bei deene Meeschten. D’Himmelsdéierchen huet op sengen opfälleg roude Flilleke siwe schwaarz Punkten, déi ëm och säin Numm ginn hunn. Déi Geschicht, dass d’Zuel vun den Punkten den Alter vum Déier verroden ass net méi wéi en Mäerchen. Dës Zuel weist nëmmen, dass et verschidden Zorte vun der Famill vun den Himmelsdéiercher (Coccinellidae) ginn. Dës sinn iwwregens net onbedéngt rout, mä kënnen och giel oder schwaarz als Basisfaarf hunn. De Kierper, de Kapp, den Halspanzer an d’Been sinn schwaarz an um Kapp an um Halspanzer sinn och nach 2 wäiss Punkten ze gesinn. D'Himmelsdéierche gëtt tëschent 6 an 8 mm grouss an ass bal op der ganzer Nordhallefkugel ze fannen. Ausserdeem lieft et an bal alle Liewensräim, wéi zum Beispill Bëscher, Wisen, Weeden an Gäert.
Wousst der schon?
Am Fréijoer ass d'Heemelsdéierche éischter a Beem a Straicher ze fannen. Am Summer geet et da méi no un de Buedem well et do net nëmmen säi Lieblingsiessen, d’Blatläis fënnt, mä och seng Eeër hei kann ofleeën.
No der Befruchtung am Fréijoer leet d’Weibchen d’Eeër an klenge Portiounen u Planze wou et Blatlauskolonie fonnt huet. No ongeféier 10 Deeg schluppen d’Larven aus an ernieren sech da während hirer Entwécklungszäit, ronn 2 Wochen, vu Blatläis an awer och op kannibalesch Art a Weis vun deenen aneren Eeër. Duerno verpoppen se sech an rëm 10 Deeg méi spéit schluppen se als erwuessen Himmelsdéiercher aus. Am Hierscht verstoppen se sech ënnert Mooss oder drechene Blieder an Gras fir do ze iwwerwanteren.
Wéinst senger Virléift fir Blatläis, déi et jo schon am Larvestadium frësst, ass d’Himmelsdéierche relativ nëtzlech fir d’Landwirtschaft. Eng Larv ka pro Dag bis zu 30 Blatläis friessen, en erwuessent Déier souguer 90 Stéck. Wann een dat ausrechent kënnt een op ongeféier 5000 Blatläis, déi en Himmelsdéierchen an sengem Liewen kann iessen.
De Latäineschen Numm „Coccinella“ heescht scharlachrout an „septempunctata“ beschreift déi siwe Punkten.