Eng Fliedermaus am Haus !

Chiroptera

Erkennen!

Zu Lëtzebuerg gëtt et 18 verschidde Fliedermaus-Aarte. Et gëtt eng ganz Palette un Gréissten, sou ginn et der vun der Gréisst vun engem Daum, an Anerer sinn ongeféier sou grouss wei eng Hand. Si hu relativ grouss Oueren, e pelzege gro bis bronge Kierper, eng kleng Nues an zwee Flilleken, di méi grouss sinn, wei den Rescht. Dagsiwwer maachen se net ganz vill, si hänke mam Kapp no ënnen oder verkrauchen sech op enger geschützter Plaatz a si schlofen. Am léifsten halen si sech op enger donkeler a roueger Plaatz op; an engem Schapp, an engem Stall, an der Kierch, an alen Haiser, op engem Späicher, ma och an den Këschte vun den Rolllueden. Iwwerall wou si Zougang zu enger geschützter Plaatz hunn, notzen si déi och, en Zougang den 2-5 cm grouss ass geet duer. An der Nuecht ginn se wakreg an si joen dann Insekten.

Wousst der schon?

Fliedermais gesi mat den Oueren. Si benotzen een Echolot, dat heescht si sende Schall-Wellen am Ultraschall-Beräich aus, sou dass mir se net héieren. Wann di Wellen dann op een Objet, wéi z. B. ee Kiewerlek treffen, ginn déi zréck geworf, an d'Fliedermaus erkennt wou d'Fudder ass, a fänkt en. Ass dat awer lo keen Insekt, mä en Hindernis, da flitt se einfach laanscht. An et gëtt zwar oft gesot si géingen sech an den Hoer verfänken, awer dat stëmmt net, si kenne mat hirem Echolot Saache vun 0.08 Milimeter ausfënneg maachen!

 

Fliedermais sinn net geféierlech. Si sinn absolut harmlos an gräifen ni een Mënsch un. Si hunn zwar spatz Zänn, mä domat drénken si kee Blutt, mä si fänke bei ons an Europa just Insekten. Also musst dier keng Panik kréie wann emol eng Fliedermaus an äert Haus flitt, maacht d'Luuchten aus an d'Fënsteren an d’ Dieren op, da geet se vum selwen.

 

Fir weider Informatioune rufft den Naturmusée ënner der Nummer 46 22 33 414 un oder bei der Naturverwaltung d'Nummere 40 22 01 221 oder 661 27 43 23.

Bat-line: bat@anf.etat.lu

Eng Fliedermaus am Haus!
Foto: François Schwaab