Wisebommel, Wissbei
Erkennen!
De Wisebommel gëtt ronn 1.5 cm grouss; d'Kinnigin ka bis zu 1.8 cm grouss ginn. Sai “Pelz” ass gielzeg bis routbrong gefierft an en huet eng groschwaarz Sträif um Bauch. De Wisebommel ass a ganz Europa verbreet a gehéiert zu deenen heefegste Bommelzorten. Dëst ass an éischter Linn dorop zréckzeféieren, dass e sech ganz gutt kann u seng Ëmwelt upassen an dass en iwwerhaapt net kriddeleg ass wat d’Iesse betrëfft. Als Ubiquist, sou ginn Aarte genannt, déi a ganz ville verschiddene Biotope liewe kënnen, lieft en net nëmmen a Bëscher, Wisen a Weeden, mä och a Grief an Hiwwelen, an als Kulturfolger gesäit een en och a Parken a Gäert. Hien hellt gären Nistkäschtercher un an ass zu eisem Virdeel esou friddlech, dass en meeschtens net mol pickt, wann een e virwëtzege Bléck doranner well riskéieren.
Wousst der schon?
E Vollek besteet aus 60 bis 150 Déieren an ass ënnerdeelt an d’Kinnigin, d’Aarbechterinnen, déi männlech Drohnen an déi jonk Kinniginne. Dës verbréngen de Wanter, wann se am Summer befrucht gi sinn, an engem Quartéier, aus deem se am Fréijoer, géint Enn Mäerz, erauskommen. Ier se dann en Nascht baue fir nei Staaten ze grënnen, stäerken se sech fir d’Éischt mol mat Nektar. Als Nascht ginn oft verloosse Mauslächer benotzt, Huelraim am Kompost, ënnert Blieder oder Moos an awer och Vullenhaisercher oder Lächer an Gebaier (wann dës dat néidegt Nistmaterial, wéi zum Beispill Isoléierwoll, bidden). Ier d’Kinnigin dann ufänkt d’Eeër ze leeën, baut se kleng schosselarteg Gefässer, an déi dann déi gesammelt Pollen an d’Eeër geluecht ginn. D’Larve schluppen no e puer Deeg aus an iessen dann d’Pollen, verpoppen sech an schluppen dann erëm no 1 bis 2 Wochen als Wisebommel aus. Dës Bommele sinn dann Aarbechterinnen, déi e gutt Stéck méi kleng sinn wéi d’Kinnigin an déi d’Nascht bauen an déi nächst Larven opzéien. D’Kinnigin verbréngt de Rescht vun hirem Liewen (bis Oktober) domadder Eeër ze leeën, aus deenen ab August och männlech Drohnen an déi jonk Kinniginnen ausschluppen. Am Hierscht geet dann d’Liewenszäit vum Vollek op en Enn; si huet elo ronn 7 Méint gedauert an dëst gëllt als längsten Zyklus ënnert den Bommelzorten.
Bis elo konnten eng 257 wëll an 21 kultivéiert Planzen als Fudderplanze nogewise ginn. Ënnert anerem sammelen d'Wisebommele bei dawe Brennesselen an Bäibëss, um wäissen an um roude Kléi, un Wicken, un Uebstbeem an un Paprika- an Tomateplanzen. Ausserdeem huet dës Bommel en Trick fir un den Nektar vu Planzen ze kommen, fir deenen hir Bléien den Rüssel vun dem Wisebommel eigentlech ze kleng ass: hie pickt einfach e Lach an den Kellech vun der Bléi an kann en sou asammelen ouni d’Planz ze befruchten! Am Prinzip sammelen d’Bommelen net méi wäit wéi an engem Ëmkrees vun 100 m ronderëm hiert Nascht.