Blannschlécher

Anguis fragilis

Erkennen!

Am Géigesaz zu enger wäit verbreeter Meenung, ass de Blannschlécher keng Schlaang, ma eng Eidechs ouni Been. De Blannschlécher ka bis zu 45-50 cm laang ginn. Ausgewuesse Blannschlécher kënne ganz ënnerschiddlech gefierft sinn (brong, gro oder giel mat däischtere Sträifen um Réck). Bei de Jongdéieren ass d'Uewersäit sëlwergro oder liicht gielzeg an duerch d'Mëtt vum Réck verleeft eng schwaarz Linn. Blannschlécher wunnen a ville verschiddene Liewensraim, wéi liicht Lafbëscher, Lichtungen, Hecken, naturnoh Gäert an Parken. Wichteg sinn eng Vegetatioun, déi vill Deckung bitt an genuch ze friessen: Schleeken (ouni Haus) a Reewierm.

Wousst der schon?

Blannschlécher sinn, och wann een dat wéinst dem Numm kéint mengen, net blann.

Ongeféier 3 Méint no der Paarung, am August/September bréngt d'Weibche bis zu 26 Jonker op d'Welt, déi nach vun enger dënner Eehaut ëmgi sinn. Déi nei gebuere Jongdéieren (7-10 cm laang) zerräissen direkt no der Gebuert duerch hir Kierperbewegungen d'Eehaut a sinn direkt selbstänneg.

Blannschlécher hu vill Feinden, wéi z. B. De Fuuss, Dachs, Kéiseker, Hauskaatz, Wëllschwäin an vill Vullen-Aarten. Wéi bei den Eidechsen, kann de Schwanz bei engem Ugrëff op bestëmmte Platze liicht ofbriechen. Anescht wéi bei den Eidechse wiisst awer nëmmen e kuerzt Stéck erëm no.

Blannschlécher kënne ganz al ginn, a Gefaangenschaft sinn Déiere bis 46 Joer al ginn.

De Blannschlécher ass zu Lëtzebuerg nach wäit verbreet. Wéi all eis Eenheemesch Reptilien steet hien ënnert Naturschutz.

Blannschlécher
Foto: Roland Proess