Reptilien zu Lëtzebuerg

Reptilien

Déi 6 verschidde Reptilienaarten, déi zu Lëtzebuerg virkommen, hunn all hire spezifesche Liewensraum. Sou fënnt ee Blannschlécher oft ënner Steng, d'Mauer-Ederes fënnt een oft op alen Dréchemaueren an awer och op Fassaden a waarme Surfacen. Wann een sech eng Dréchemauer méi genau ukuckt, gesäit ee mat ganz vill Chance och mol eng Adder, dës sinn allerdéngs vill méi seelen zu Lëtzebuerg.

Well si wiesselwaarm sinn an hire Kierper opwierme musse fir schnell a beweeglech ze sinn, sonnen sech d’ Reptilien gären am Summer. Dëst ass déi perfekte Geleeënheet, fir si ze beobachten. Hei gëllt, datt een si net erschrecken oder stéiere soll.

Bei den Eidechsen ënnerscheet een ëmmer tëschent deene männlechen an de weibleche Déieren. Nieft der Gréisst ënnerscheeden déi sech oft duerch verschidde Faarwen. Fotoe vun deene verschiddenen Ausprägungen a weider Informatiounen zu den Aarte fannt dir op iNaturalist.LU am Guide Reptilien zu Lëtzebuerg.

An deene leschte Joren ass vill Liewensraum zu Lëtzebuerg duerch d’Intensivéierung vun der Landwirtschaft, duerch d’Verbuschung vun ale Steebréch an Dagebaugebidder, duerch de Remembrement an de Wéngerten an duerch d’Ausfoue vun alen Dréchemauere verluere gaangen. Zemools d’Adder an d’Gréng Ederes sinn nëmmen nach a gerénger Zuel zu Lëtzebuerg vertrueden. Fir deem entgéint ze wierken, maachen déi verschidden Acteuren am Naturschutz Brooche rëm deelweis op, restauréieren Dréchemaueren, a leeë Steekéip an aner Strukturen un, fir de Schlaangen an Eidechsen e Liewensraum ze bidden.

Ëm déi meeschte Reptilienaarten zu Lëtzebuerg steet et net esou gutt.

Matmaachen!

Fir méi iwwert d’Verbreedung vun dësen Aarten gewuer ze ginn, gëtt et elo d’Méiglechkeet, fir datt jiddereen seng Beobachtungen vun Reptilien zu Lëtzebuerg kann iwwert d'iNaturalist App (iOS oder Android), den iNaturalist.LU Website oder hei iwwert den Datenportal vum 'natur musée' androen. Um iNautralist.LU fann Dir déi aktuell Donnéen zu dësen 6 Aarten am Projet Reptilien zu Lëtzebuerg. Et ass ganz einfach den iNaturalist ze benotzen, dir fann eng Rei Tutorials um YouTube Kanal vum 'natur musée'.

All des Daten ginn vum 'natur musée' gesammelt a stinn de Biologen a Leit, déi am prakteschen Naturschutz aktiv sinn, zur Verfügung. Maacht mat bei deser Aktioun vum 'natur musée' an dem SIAS, esou kënnt dir ganz einfach eppes iwwert är Ëmfeld léieren an eis gläichzäiteg wichteg Date liwweren, déi mir brauche fir am Naturschutz méi gezielt schaffen ze kënnen. Véier An gesi méi wéi zwee an all Persoun, déi beim Projet matmécht, leescht e wichtege Beitrag. Hei fann dir och onse Flyer ob Däitsch oder Franséisch.