Routbaken-Schillkröt

Trachemys scripta elegans

Erkennen!

Klickt hei fir weider Informatiounen zu Trachemys scripta elegans.

Wousst der schon?

D’Nordamerikanesch Buchstaben-Schmuckschildkröt ass eng Séisswaasserdeckelsmouk, mat der nach virun e puer Joren e massiven Handel bedriwwen ginn ass; e puer dausend Stéck goufen all Joer an Europa verkaf. Den Handel mat hir ass elo an der gesamter europäescher Unioun gereegelt. Ursprénglech aus dem ëstlechen Deel vun Nordamerika stamend, ass si an Fiichtgebidder an allgemeng aquatesche Liewensraim ze fannen. D’Deckelsmouk kann bis zu 28 cm grouss an 3 Kilo schwéier ginn, wat dozou gefeiert huet, dass vill Déieren, di als jonk an soumat kleng Hausdéieren kaf gi sinn, an d’Natur ausgesat goufen. Deemno ass et net verwonnerlech, wann een en Exemplar sech bei enger Baach sonnen gesäit.

An Europa si virun allem zwou Ënneraarten vun der Nordamerikanescher Buchstaben-Scchmuckschildkröt verbreet​, d’Routbaken-Schillkröt (Trachemys scripta elegans, Foto) an d’Gielpanz-Schillkröt (Trachemys scripta scripta).​

 

Routbaken-Schillkröt
J.-C. de Massary