Nutria

Myocastor coypus

Erkennen!

De Nutria ass een hallef-aquateschen Nager, wéit ëm déi 7 kg und erreecht am Duerchschnëtt eng Längt vun 50 cm ouni säin Schwanz (25-45 cm). Säi Pelz ass brong, seng staark Nagezänn sin orange an seng Taaschthoer wäiss. De Nutria huet Patten mat fënnef Fangeren, Schwëmmhait dertëschent, a schaarf Krallen.

Klickt hei fir weider Informatiounen zu Myocastor coypus.

Wousst der schon?

D‘Nutria, och Waasserrat genannt, kënnt ursprénglech aus Südamerika an ass an Europa wéinst sengem Fell ageféiert ginn. Eenzel Individuen sinn aus der Gefaangenschaft entkomm oder goufen ausgesat. Wéinst hirer extrem héijer Reproduktiounsrat a well et hier natierlech Déierefeinden (Puma, Kaiman,…) an eisen Géigenden net gëtt, konnt si sech schnell an Europa verbreeden. Nëmmen streng Wanter kennen hir Ausbreedung e bëssen verréngeren. Wie aner invasiv Aarten bréngt si ökologesch an gesondheetlech Risiken mat sech.​

Nutria
Guillaume Koch CCA