Nilgäns

Alopochen aegyptiaca

Erkennen!

D’Nilgäns ass zirka 70 cm grouss a wéit 2 kg. Se huet d'Profil vun enger Gäns an ass un hirem brongen Fleck ronderëm d'Aen an hiren rosa Flossen ze erkennen. D'Kierperfaarw variéiert vu gro, brong, rout bis zu giel. D'Schwanzfieder, fir ze steieren, ass gréng oder metallesch-rout.

Klickt hei fir weider Informatiounen zu Alopochen aegyptiaca.

Wousst der schon?

D’Nilgäns kennt ursprénglech aus Afrika. Di lëtzebuergesch Populatioun staamt wahrscheinlech vun Individuen aus Holland of, déi aus der Gefaangenschaft entkomm sinn oder ausgesat goufen. Zënterhier huet d‘Nilgäns sech an weideren europäeschen Länner niddergelooss an d‘Unzuel vun den Deieren wiisst steeteg. D‘Nilgäns ass eng invasiv exotesch Aart, dee virun allem op Wisen an an der Géigend vun Gewässer (Séien, Flëss, Weiheren…) ze fannen ass. Des Vullenaart ass liicht erkennbar duerch en donkelen Fleck ronderëm hiert Aen.

Nilgäns
Paul Hurel