Karblumm

Centaurea cyanus

Erkennen!

Mat hiren onverwiesselbare bloe Bléien ass d'Karblumm eng typesch Begleedplanz vun wéineg gedüngte Karfelder. D'Blieder vun der Karblumm sinn schmuel längelzech, a lafe spatz zou.

Wousst der schon?

D'Karblumm gehéiert zu der Grupp vun den Akerbegleetplanzen, och nach Akeronkräider genannt, déi (bei eis) bal nëmmen als Begleeder vun de landwirtschaftleche Kulturfläche virkommen. D'Somen vun dëse Planzen konnten mat deenen ale Methoden vu Méinen an Dreschen net aus der Fruucht erausgebotzt ginn an goufen ëmmer erëm mat aus geséit.

Karblumm
Reckinger