Japanësche Knöterich

Fallopia japonica

Erkennen!

De Japanësche Knöterich gëtt bis 3 m héich. D’Planz huet kräfteg, huel Stiller. D’Blieder si liedereg fest, mat schmueler Spëtzt a rechtwénkeleger Basis. D’Blieder gi bis ca. 12 cm laang a bis ca. 8 cm breet. Déi kuerz Hoer op den Odere vun der ënneschter Säit vun de Blieder kann ee mat bloussem A kaum erkennen. D’Planz blitt vun August un mat klengen, wäisse Bléien.

Weider invasiv Knöterichaarten, déi zu Lëtzebuerg virkommen, sinn de Sachalin-Knöterich (Fallopia sachalinensis) an den Hybrid Fallopia x bohemica. D‘Problematik vun deenen dräi Aarten ass ganz ähnlech.

De Sachalin-Knöterich gëtt bis zu 4 m héich. Seng Blieder sinn am Normalfall wesentlech méi grouss wéi déi vum Japanësche Knöterich an ausserdeem mëll. D’Haaptblieder gi bis ca. 40 cm laang a bis ca. 17 cm breet. Bei ausgewuessene Blieder ass d’Basis däitlech häerzförmeg ageschnidden. D’Blieder, besonnesch d’Blatoderen op der Ënnersäit, hunn däitlech erkennbar, ca. 1 mm laang Hoer. D’Bléie si wäiss.

Den Hybrid aus F. japonica a F. sachalinensis weisst Eegenschaften, déi tëschent deene vun den Eltere leien.

Wousst der schon?

Déi jonk Schëtz vum Knöterich kann ee wéi Spargele kachen. Aus der Planz ginn och verschidde Saache fir op d’Schmier gemaach.

Japanësche Knöterich
Manou Pfeiffenschneider
Japanësche Knöterich
Manou Pfeiffenschneider