Bisamrat

Ondatra zibethicus

Erkennen!

D'Bisamrat huet d'Gréisst vun enger Kaz (ongeféier 30 cm) a weit ëm déi 1 kg. De Pelz vun der Bisamrat ass brongelzeg mat gielen, groen a roudelzegen Téin. D'Maul an de Bauch sin oft méi hell ewéi den Rescht vum Kierper. De Schwanz huet eng Längt vun 20-25 cm, ass säitlech ofgeflaacht an huet wéineg Hoer. Dëst erméiglecht e bessert fortbeweegen am Waasser.

Klickt hei fir weider Informatiounen zu Ondatra zibethicus.

 

Wousst der schon?

D’Bisamrat ass ewéi d’Nutria en invasiven Nager, dee vu Nordamerika an Europa wéinst sengem Fell agefouert gouf. Des Aart verännert hiren Liewensraum staark, andeems se Hielen um Ufer grueft oder sech vun Waasserplanzen erniert. Si ass och eng grouss Gefor fir d’Séiswaassermuschelen. Dësen Nager ennerscheed sech vun aneren ähnlechen Aarten duerch e puer erfierstiechendend Mierkmoler wie beispillsweis säin säitlech flaachen Schwanz.​

Bisamrat
Frederic Feve