Asiatesch Runn

Vespa velutina nigrithorax

Wousst der schon?

D’Asiatesch Runn gouf 2004 an Südfrankräich agefouert a koloniséiert säitdem Europa. Si ass haut an engem groussen Deel vun Westeuropa ze fannen an ass an Portugal, Spunien, Italien, Frankräich, Däitschland, Belsch an dem Vereenegtem Kinnekräich verbreet.

Déi ursprénglech aus Südostasien stamend Runn lieft am Summer an der Regel an engem groussen Nascht op engem héije Bam an enger Héicht vun 10 Meter. Et begéint een des Näschter virun allem an der Géigend vu Gréngland an um Bëschrand.  D’Asiatesch Runn ass ca. 3 cm laang an ënnerscheed sech vun der Europäescher Runn duerch hir méi däischter Faarf an hir zweefaarweg Been. D‘Asiatesch Runn ass ongemeng gefréisseg an ernäert sech ënner anerem vun Hunnegbeien. Bei enger grousser Dicht kann se seguer ganz Beiestäck deziméieren. Wat di mënschlech Gesondheet betrefft, sou ass hier Pickür net méi geféierlech wéi déi vun der Europäescher Runn oder vun Hunnegbeien. Allerdéngs ass ze roden, engem Nascht vun der Vespa velutina net méi​ no ewéi 5 Meter ze kommen.​

Asiatesch Runn
Stéphanie Hudin, FCEN