Alzem-Ambrosia

Ambrosia artemisiifolia

Erkennen!

D'Planz ka bis zu 2 m héich wuessen, hir Stiller si buuschteg a verfierwe sech am Alter roudelzeg. D'Blieder sinn zerschnidden, buuschteg an op béide Säiten donkelgréng. D'Blieder stinn am ënneschten Deel vum Still entgéintgesat, am iewechten Deel ofwiesselnd. Zerdrécke Blieder richen net.

Klickt hei fir weider Informatiounen zu Ambrosia artemisiifolia.

Wousst der schon?

D’Alzem-Ambrosia ass eng invasiv exotesch Aart zu Lëtzebuerg a staamt ursprénglech aus Nordamerika. Si produzéiert Pollen, op déi vill Leit staark allergesch reagéieren. D‘Planz wiisst virun allem a vum Mënsch verännerten a gestéierte Liewensraim, wéi beispillsweis op Baustellen a Ruderalplazen. D‘Alzem-Ambrosia huet bestëmmt Eegenaarten, un deenen een se erkenne kann, gëtt awer oft mat aneren Aarte wei dem gewéinlechen Alzem (Artemisia vulgaris) verwiesselt.​

Alzem-Ambrosia
Merike Linnamagi