Dëschtelfalter

Vanessa cardui (=Cynthia cardui)

Erkennen!

D’Flilleke vum Dëschtelfalter hunn eng Spaanwäit tëschent 5 an 6.5 cm, a sinn orange bis brong gefierft. Uewendrop hunn déi viischt Flilleke wäiss Flecken an déi hënnescht hunn schwaarzer. Ënnert den hënneschte Flilleke gesäit een och 4 bis 5 kleng Aeflecken. Den Dëschtelfalter ass op Liewensraim ugewise wou vill Blumme wuessen an dofir fënnt een en och oft op oppenen, dréchene Plaze wéi zum Beispill Dréchewisen, Felder oder Broochland. Während d’Raupen am léifsten Dëschtelen, Brennesselen oder Kletten iessen ass dat erwuessent Déier net esou kriddeleg. Dëst ass ënnert anerem och ee vun de Grënn firwat et der nach ëmmer esou vill an Mëtteleuropa an eben och an Lëtzebuerg ginn. Ewéi benzeg ass den Dëschtelfalter op den “Päiperleksbam” (Buddleja davidii) de säi gudde Geroch wäit verbreet. Den Numm huet den Dëschtelfalter natierlech wéinst de Raupen hirer Virléift fir d’Dëschtelen.

Wousst der schon?

Et ginn net vill Leit déi wëssen, dass net nëmme Vigel, mä och verschidde Päiperleken tëschent Summer- an Wanterquartéier wiesselen an dobäi och wäit Strecken zeréckleeën. Ee vun dëse Päiperleken ass den Dëschtelfalter, den déi kal Joreszäit am Mëttelmierraum verbréngt an am Ufank vun der waarmer Period erëm zeréck an eis Géigend kënnt. D’Gréisst vun den Populatiounen déi wanderen ass vu Joer zu Joer anescht an ka souguer enger Invasioun no kommen.
Den Dëschtelfalter ass de Wanderfalter schlechthin an ass, mat e puer Ausnamen, op der ganzer Welt ze fannen. An Europa gouf en souguer an all Land nogewisen. Dat Aussergewéinlecht um Dëschtelfalter ass awer wuel dass en, während senger Wanderung, souguer iwwert d’Alpe flitt. Dëse Wee weist ewéi gutt an ausdauernd den Dëschtelfalter fléie kann.

Dëschtelfalter
Karin Scholtes