Kaweechelchen
Erkennen!
Wousst der schon?
D'Kaweechelchen ass a sengem Kierperbau un seng Liewensweis an de Beem ugepasst. De buuschtege Schwanz ass 15-20 cm laang. Hien hëlleft beim Kloteren d'Gläichgewiicht halen an beim Sprange fir ze Steieren. D'Geschlechter loossen sech net un der Gréisst oder der Faarf ënnerscheeden.
Kaweechelcher sinn dagsiwwer aktiv. Fir ze schlofen an ze raschte bauen d'Kaweechelcher Näschter, déi „Kobel“ genannt ginn. Dat sinn huel, kugeleg
Baute, déi an enger Aaschtgafel oder um Ufank vun engem Aascht ugeluecht ginn.
D'Fudder vun de Kaweechelcher ass ganz verschidden. Et besteet aus Bieren, Nëss an anere wëlle Friichten a Somen. Donieft ginn och Knospe, Bamschuel, Flechte, Pilzer an Uebst gefriess. Ma och Vulleneeër, Jongvullen a Wierm, Insekte, Larven a Schleeke passen an de Fudderplang.
Kaweechelcher sinn d'ganzt Joer aktiv an hale kee Wanterschlof. Dofir lee si am Hierscht e Späicher fir de Wanter un, dee si oft am Buedem vergruewen. Wann sou e Späicher vergiess gëtt, fänken d'Somen am Fréijoer un ze kéngen an esou hunn d'Kaweechelcher eng wichteg Roll bei der Erneierung a Verjüngung vum Bësch.
E vun den natierleche Feinde vum Kaweechelchen, dee bal grad esou geschéckerlech klotere kann, ass de Bammaarder. Aner Feinde sinn d'Wëllkaatz a Gräifvigel. A Parken an Gäert ass d'Hauskaatz de wichtegste Feind.











