Feiersalamander
Erkennen!
Wousst der schon?
Wéi d'Molchen an d'Fräsche gehéiert de Feiersalamander zu den Amphibien. Bei der Fortplanzung ënnerscheet hien sech allerdéngs vun allen aneren eenheemeschen Amphibien. D'Paarung ass u Land an net am Waasser. Ausserdeem gi keng Eeër an d'Waasser ofgeluecht wéi bei de Molchen an de Fräschen, ma eréischt ronn 10 Méint no der Paarung setzt d'Weibchen 20-40 wäit entwéckelt Larven an d'Waasser of. Dës Kauzekäpp ootme fir d'éischt nach duerch Kiemen. No 3-4 Méint verloossen déi ongeféier 6 cm laang jonk Salamanderen, déi elo mat Longen ootmen, d'Waasser a liewen u Land. D'Déiere ginn eréischt mat 3-6 Joer geschlechtsräif.
De Feiersalamander ass nuets aktiv, dagsiwwer verstoppt hien sech op killen a fiichte Plazen, wéi ënnert doudegem Holz, Blieder, Mooss a Steng, a vermuuschte Bamstämm, Buedemlächer, Fielssplécken, …
Well et zu Lëtzebuerg nach vill Lafbëscher gëtt, ass de Feiersalamander
nach wäit verbreet. E steet wéi all eenheemesch Amphibienarten zu
Lëtzebuerg ënner Naturschutz.











