Coccinnella
Salamandra
Apis mellifera
Sciurus
Passer domesticus
Leucanthemum
Rana
Centaurea cyanus

Schlësselblumm

Primula veris L.
Foto: Simone Schneider

Erkennen!

Schlësselblumme, mat hiren typesche Bléien an hire ronzeleche Blieder sinn net ze verkennen. Et gëtt awer bei eis zwou Zorte vu Schlësselblummen: D'Wise-Schlësselblumm huet donkel giel Bléieblieder mat engem orange Fleck an der Mëtt, déi wéi e klengen Triichter aus dem gréngen, opgeblosene Kellech erauskucken. D' Bléie vun der Héicher Schlësselblumm (Primula elatior Hill), déi an de Lafbëscher virkënnt, si vill méi hell giel, méi grouss an ausgebreet. De Kellech ass net sou opgeblosen, mä läit un.

Wousst der schon?

No enger Seeche symboliséieren d'Bléie vun der Schlësselblumm dem Péitruss säi Schlësselbond mat de Schlëssele vun der Himmelspäertchen, deen him vu Schreck aus der Hand gefall ass, wéi hie gewuer gouf, dass et eng ganz Abberzuel Noschlësselen fir déi Päertche giff ginn.

Wann een sech d'Bléie vun der Schlësselblumm genau ukuckt, da gesäit een, dass et zwou Zorte vu Bléie gëtt: bei deenen enge kuckt de laange Griffel mat der Narb aus der Bléi eraus an d'Stëpsblieder sinn am Kielech verstoppt, bei deenen aneren ass et ëmgedréit, et gesäit een d'Stëpsblieder an d'Narb mat dem kuerze Griffel ass verstoppt. Wann elo en Insekt esou eng Bléi mat laange Stëpsblieder besicht, da gëtt de Pollen wäit hannen um Kierper ofgelueden, a kann deemno nëmmen eng Bléi vun der anerer Zort, wou de Griffel wäit eraus kuckt bestäuben. Sou ginn déi verschidde Genotypen ëmmer gutt duerchmëscht.