Gaarderoutschwanz

Phoenicurus phoenicurus

Erkennen!

De Gaarderoutschwanz Männchen ass liicht u senger wäisser Stir, dem schwaarzen Hals, dem grobloe Réck an dem roude Bauch ze erkennen. D’Weibchen an déi Jonk sinn um Réck grobrong an um Bauch beige gefierft a kënnen dofir mam Hausroutschwanz verwiesselt ginn, deen awer méi däischter ass. Wéi den Numm et seet hunn natierlech all d’Gaarderoutschwänz e roude Schwanz.  De Gaarderoutschwanz ass e bësse méi kleng wéi en Hausspatz.

Wousst der schon?

De Gaarderoutschwanz lieft a Bongerten, Parken a Lafbëscher. Säin Nascht baut hien a Lächer vu Beem oder vu Maueren. Hie geet awer och gär a Vullenhaisercher mat enger grousser Entrées-Dir. Seng Eeër sinn hellblo. Hei zu Lëtzebuerg ass déi schéi Vullenzort schonns ganz rar ginn. Vu datt besonnesch Insekten (Mécken, Päiperleken, Kiewerleken) a Spannen op sengem Menü stinn, flitt de Gaarderoutschwanz am Hierscht an Zentralafrika fir do am Wanter ze bleiwen. De Gaarderoutschwanz ass just vu Mëtt Abrëll bis Ufank Oktober zu Lëtzebuerg ze gesinn.

Gaarderoutschwanz
Fotos: Tom Conzemius