Schachbriet
Erkennen!
Wousst der schon?
D'Schachbriet huet am léifste moer Wisen, ass awer och um Bord vu Bëscher, op Lichtungen, bei engem Tipp oder an der Géigend vun Dierfer oder Stroossen ze fannen. Wéinst dem intensiven Asaz vu Pestiziden an der Landwirtschaft ass d’Schachbriet, obwuel et een vun deene méi heefege Päiperleken ass, op ville Plazen ëmmer méi seelen ze gesinn. Et gëtt e vu Mëttel- an Südeuropa bis an Nordafrika.
Ganz wichteg fir d’Schachbriet ass dass d’Wisen net viru Mëtt Juli geméit ginn. Engersäits sinn d'Wisegesellschaften dësem Päiperlek seng Haaptnahrungsquell an anerersäits spillen d’Wisen eng immens wichteg Roll an der Entwécklung vun de Raupen. Vu Juli un fléien d’Weibercher iwwer d’Fudderplanzen an loossen do d’Eeër einfach falen. D’Raupen entwéckelen sech dann aus deene wäisse Bëmmelcher a schluppen no 2 bis 3 Wochen aus. Dann ernieren se sech vu verschiddene Graszorten an verbréngen de Wanter ënnert dem Buedem. Wann d’Raupen dann am Fréijoer erëm erauskommen, iessen se nach 10 Woche laang an da verpoppen se sech ënnen un de Grieser. Am Juni schluppen d’Päiperleken aus a fléie bis August/September.











