Grouss Margréitchen

Leucanthemum vulgare

Erkennen!

Am Ënnerscheed zur klenger Margréitchen, huet déi grouss Margréitchen e bebliederte Still. Eng Margréiderchersblumm besteet a Wierklechkeet aus enger Abberzuel vun ganz klengen Eenzelbléien, déi an engem Kierfche beienee sëtzen. Bannen am Kierfchen stinn 400-500 giel Röhrebléien, baussen ronderëm ongeféier 20 wäiss Zongebléien. D'Blieder sëtzen ouni Blaatstill um Still an hunn e gekerbten oder gezännte Bord.

Wousst der schon?

Grouss Margréidercher wuesse meeschtens a Gruppen a moere Wisen, op Weeden a laanscht Weeër. Mat hiren zéien, holzege Stiller ginn si e mannerwäertegt Fudder an si verdrängen duerch hiert massegt Optrieden déi méi gëeegent Planzen. Dofir sinn si bei de Baueren net sou beléift. Si sinn weltwäit verbreet, ma well hire Liewensraum duerch Düngen an fréit Méien ëmmer méi verschwënnt, gesäit een och d'grouss Margréitchen ëmmer méi seelen.

Grouss Margréitchen
John van Breda