Hues
Erkennen!
Wousst der schon?
Den Hues ass virun allem an der Dämmerung an nuets aktiv, allerdéngs kann een e während der Paarungszäit am spéide Wanter an am Fréijoer och dagsiwwer gesinn. D'Männercher kämpfen ëm d'Weibercher, dobäi joen se sech a schloe mat de viischte Patten openeen. D'Weibercher kréien am Joer 3-4 mol all Kéier 1-5 Jonker. Déi nei gebueren Hiesercher weien 100-150 g a verloosse gläich d'Nascht („Nestflüchter“). Wa si op d'Welt kommen hu si Hoer a kenne gesinn.
Ausserhalb vun der Paarungszäit sinn d'Huesen Eenzelgänger a raschten am Dag a flaache meeschtens gutt verstoppte Kaulen („Sassen“). Bei Gefor drécken se sech ouni Beweegung un de Bueden a sprangen eréischt am leschte Moment op fir fortzelafen. Am Fräiland kënnen Huese bis zu 12 Joer al ginn, iwwert d'Halschecht vun de jonken Huese gëtt awer kee Joer al.
Huesen ernähren sech nëmme vu Planzen. Si friesse Gréngs vu Planzen, awer och Knollen, Wuerzelen an Kären, a virun allem am Wanter och d'Schuel vu jonke Beem.
Wéinst der staarker Intensivéierung vun der Landwirtschaft geet de Bestand vun Huesen a ville Géigende vun Europa zréck.











