Kéiseker, Däreldéier

Erinaceus europaeus

Erkennen!

Besonnesch um Kéiseker ass, dass sech d'Hoer vum Réck a Picken ëmgewandelt hunn. All Pick ass ongeféier 2-3 cm laang. Bei Gefor rullt de Kéiseker sech an, riicht seng Picken op, a kann esou seng mëll Ennersäit viru senge Friessfeinde schützen. Kéiseker hunn am léifsten eng räich gegliddert Feldflouer, mat engem ofwiesslungsräiche Bewuess aus Hecken, Straicher, Bongerten, Feldränner. Och um Rand vu Lafbëscher kann ee se fannen. Als Kulturfolger liewen si haut verstäerkt an den Uertschaften, an naturnoe Gäert an a Parken. D'Kéiseker halen ongeféier vun Oktober bis Mäerz en echte Wanterschlof. Si verbréngen dës Zäit an Hielen am Buedem oder ënner Reisegkéip. Dofir stierwe vill Kéiseker wann mat Zäiten am Fréijoer Reisegkéip verbrannt ginn, ouni dass virdrun no Kéiseker gekuckt gëtt.

Wousst der schon?

De Kéiseker ass en dämmerungs- a nuetsaktiven Eenzelgänger. Den Dag verschléift hien a sengem Nascht; Sträich an Hecken, huel Bamstämm a Fielssplécken déngen him als Raschtplazen. An der Dämmerung an nuets geet hien dann op d'Sich no Fudder. Männercher leeën dobäi ongeféier 2-3 km zréck; de Weibercher hier Wanderunge sinn eppes méi kuerz.

Kéiseker friesse virun allem Insekten, wéi z.B. Kiewerlécken a Paiperlécksraupen, awer och Dausendbeener a Reewierm. Ma och Naschtjonk Mais a Spëtzmais oder Vulleneeër a Jippelcher léisst hien net stoen.

Och wann hie sech ganz arullt ass de Kéiseker net ganz viru senge Feinde geschützt. Den Uhu mat senge laange kräftëge Krallen an den Dachs kënnen e fest agerullte Kéiseker dout maachen. Sou sinn déi zwee nieft dem Marder an dem Fuuss déi wichtegst Friessfeinde vum Kéiseker.

D'Weibercher hunn 1-2 Werf mat 3-10 Jonker. Bei der Gebuert sinn di Jonk blann an hir Picken nach mëll.

De Kéieseker ass zu Lëtzebuerg ënnert Naturschutz.

Kéiseker, Däreldéier
Foto: Fernand Lommer