Himmelsdéierchen
Erkennen!
Wousst der schon?
Am Fréijoer ass d'Heemelsdéierche éischter a Beem a Straicher ze fannen. Am Summer geet et da méi no un de Buedem well et do net nëmmen säi Lieblingsiessen, d’Blatläis, fënnt, mä och seng Eeër hei kann ofleeën.
No der Befruchtung am Fréijoer leet d’Weibchen d’Eeër an klenge Portiounen u Planze wou et Blatlauskolonie fonnt huet. No ongeféier 10 Deeg schluppen d’Larven aus an ernieren sech da während hirer Entwécklungszäit, ronn 2 Wochen, vu Blatläis an awer och op kannibalesch Art a Weis vun deenen aneren Eeër. Duerno verpoppen se sech an rëm 10 Deeg méi spéit schluppen se als erwuessen Himmelsdéiercher aus. Am Hierscht verstoppen se sech ënnert Mooss oder drechene Blieder an Gras fir do ze iwwerwanteren.
Wéinst senger Virléift fir Blatläis, déi et jo schon am Larvestadium frësst, ass d’Himmelsdéierche relativ nëtzlech fir d’Landwirtschaft. Eng Larv ka pro Dag bis zu 30 Blatläis friessen, en erwuessent Déier souguer 90 Stéck. Wann een dat ausrechent kënnt een op ongeféier 5000 Blatläis, déi en Himmelsdéierchen an sengem Liewen kann iessen.
De Latäineschen Numm „Coccinella“ heescht scharlachrout an „septempunctata“ beschreift déi siwe Punkten.











