Eng Fliedermaus am Haus !
Erkennen!
Wousst der schon?
Fliedermais gesi mat den Oueren. Si benotzen een
Echolot, dat heescht si sende Schall-Wellen am Ultraschall-Beräich
aus, sou dass mir se net héieren. Wann di Wellen dann op een Objet,
wéi z. B. ee Kiewerlek treffen, ginn déi zréck geworf, an
d'Fliedermaus erkennt wou d'Fudder ass, a fänkt en. Ass dat awer lo
keen Insekt, mä en Hindernis, da flitt se einfach laanscht. An et
gëtt zwar oft gesot si géingen sech an den Hoer verfänken, awer
dat stëmmt net, si kenne mat hirem Echolot Saache vun 0.08 Milimeter
ausfënneg maachen!
Fliedermais sinn net geféierlech. Si sinn absolut
harmlos an gräifen ni een Mënsch un. Si hunn zwar spatz Zänn, mä
domat drénken si kee Blutt, mä si fänke bei ons an Europa just
Insekten. Also musst dier keng Panik kréie wann emol eng Fliedermaus
an äert Haus flitt, maacht d'Luuchten aus an d'Fënsteren an d’
Dieren op, da geet se vum selwen.
Fir weider Informatioune rufft den Naturmusée ënner
der Nummer 46 22 33 414 un oder bei der Naturverwaltung d'Nummere 40
22 01 221 oder 661 27 43 23.
Bat-line: bat@anf.etat.lu











