Admirol

Vanessa atalanta

Erkennen!

Den Admirol ass charakteristesch gezeechent mat senger samettbronger Grondfaarf, liichtend roude Querbänner an der schwaarzwäiss gefleckter viischter Flillekspëtzt.

Wousst der schon?

Den Admirol (oder Joërzuel) ass oft a Wunngéigenden z'observéieren. Hien huet Gäert a Parke gären a léisst sech wéineg vun enger mënschlecher Präsenz stéieren. Virun allem am Hierscht ass en no bei den Uebstbeem ze fannen, wou de Jus vum Faluebst drénkt.

Admirol
Quell: "Schmetterlinge entdecken, beobachten, bestimmen. Die 150 häufigsten tagaktiven Arten Mitteleuropas.“ Seggewiße & Wymann, Haupt Verlag.
Admirol
Foto: Simone Schneider