Schmuebelschwanz

Papilio machaon

Erkennen!

De Schmuebelschwanz ass onverwiesselbar mat senger schwaarz-gieler Zeechnung, dem blo a rout gezeechnetem Rand vun den hënneschte Flilleken an dem laange Schwanz.

Wousst der schon?

De Schmuebelschwanz lieft an aarteräiche Wisen, Ramplien a Weeränner, mä heiansdo och a Gäert. Seng Raup lieft op Doldenblütler, wéi d'Muerten oder den Dill. Wann Dir opfalend gréng-schwaarz gesträifte Raupen mat roude Punkten op Äre Muerten entdeckt, da loosst se liewen. D'Raupen riichte kee Schued un an entwéckele sech zu prächtege Päiperleken.

Schmuebelschwanz
Quell: "Schmetterlinge entdecken, beobachten, bestimmen. Die 150 häufigsten tagaktiven Arten Mitteleuropas.“ Seggewiße & Wymann, Haupt Verlag.
Schmuebelschwanz
Foto: Berthold Zeimetz