Klengen Nackerpäiperlek

Issoria lathonia

Erkennen!

Di opfällegst Charakteristik vum Klengen Nackerpäiperlek sinn di grouss, blénkeg Nackerflecken op der Ënnersäit vum hënneschte Flillek. Doduerch ass hien eendeiteg ze bestëmmen. Hien gehéiert zu der faarweger Famill vun den Edelpäiperléken.

Wousst der schon?

De Klengen Nackerpäiperlek ass eng typesch Aart vun den Akeren, Stoppelfelder a Moërwisen. Wann d'Nahrungsplanze vu senge Raupen (verschidde Vioul-Aarten) do sinn, kann en awer och am Siedlungsberäich beobacht ginn. De Klengen Nackerpäiperlek selwer ass net wieleresch bei der Auswiel vu Bléien. Hien gehéiert  zu de Wanderpaiperleken a ka grouss Distanzen zréckleeën.

Klengen Nackerpäiperlek
Quell: Schmetterlinge entdecken, beobachten, bestimmen. Die 150 häufigsten tagaktiven Arten Mitteleuropas. Haupt.
Klengen Nackerpäiperlek
Foto: C. Junck, F. Schoos