Klenge Fochs

Aglais urticae

Erkennen!

De Klenge Fochs zeechent sech duerch seng orange a brong Grondfaarf aus, déi schwaarz-orange gezeechent viischt Flillekränner an déi blo-schwaarz Flecken um hënneschte Flillekrand. Hie ka mat dem vill méi seelene Grousse Fochs (Nymphalis polychloros) verwiesselt ginn. Dësen huet allerdéngs net dës ausgebreete Brongfierwung um hënneschte Flillek.

Wousst der schon?

De Klenge Fochs iwwerwantert als Falter. Hie brauch allerdéngs e fraschtséchert Quartéier, fir net z'erfréieren. Gäre benotzt hien duerfir Gebaier, wéi Späicheren oder Kelleren, wou en de Wanter iwwer op der Plaz reegungslous verharrt, fir dann am Fréijor un den éischte waarmen Deeg erëm auszefléien.

Klenge Fochs
Quelle: "Schmetterlinge entdecken, beobachten, bestimmen. Die 150 häufigsten tagaktiven Arten Mitteleuropas.“ Seggewiße & Wymann, Haupt Verlag.
Klenge Fochs
Foto: Simone Schneider