Blannschlécher
Erkennen!
Wousst der schon?
Blannschlécher sinn, och wann een dat wéinst dem Numm kéint mengen, net blann.
Ongeféier 3 Méint no der Paarung, am August/September bréngt d'Weibche bis zu 26 Jonker op d'Welt, déi nach vun enger dënner Eehaut ëmgi sinn. Déi nei gebuere Jongdéieren (7-10 cm laang) zerräissen direkt no der Gebuert duerch hir Kierperbewegungen d'Eehaut a sinn direkt selbstänneg.
Blannschlécher hu vill Feinden, wéi z. B. De Fuuss, Dachs, Kéiseker, Hauskaatz, Wëllschwäin an vill Vullen-Arten. Wéi bei den Eidechsen, kann de Schwanz bei engem Ugrëff op bestëmmte Platze liicht ofbriechen. Anescht wéi bei den Eidechse wiisst awer nëmmen e kuerzt Stéck erëm no.
Blannschlécher kënne ganz al ginn, a Gefaangenschaft sinn Déiere bis 46 Joer al ginn.
De Blannschlécher ass zu Lëtzebuerg nach wäit verbreet. Wéi all eis Eenheemesch Reptilien steet hien ënnert Naturschutz.











