Grénge Spiecht

Picus viridis

Erkennen!

U sengem grénge Réck an un sengem roude Kapp ass de Grénge Spiecht ganz liicht ze erkennen. Ronderëm d’A huet hien e schwaarze Fleck an entweder e schwaarzen (Fra) oder rouden (Mann) Baartsträif. Hien ass däitlech méi grouss wéi eng Märel. De jonke Grénge Spiecht huet donkel Flecken op der Broscht an hell Flecken op de Flilleken. Och u senger Stëmm ass de Grénge Spiecht ganz liicht ze erkennen. Just mam Groe Spiecht kënnt de Grénge Spiecht eventuell verwiesselt ginn. De Groe Spiecht ass awer méi kleng a just de Mann huet e klenge roude Fleck vir um Kapp. Bei der Fra ass de Kapp ganz gro.

Opnahm: Marc Schweitzer

 

 

 

Wousst der schon?

De Grénge Spiecht lieft a Bongerte mat ale Beem, Parklandschaften an och a Lafbëscher. Hien ass ganz oft um Buedem ze gesinn, well hien ësst haaptsächlech Seechomessen. De grénge Spiecht mierkt sech wou Seechomessen-Kéip a sengem Revéier sinn. Och wa Schnéi leit fënnt hien dës Kéip erëm, well hie wullt sech op der richteger Plaz en Tunnel bis bei de Seechomesse Koup. De Grénge Spiecht ass nach am ganze Land ze gesinn.

Grénge Spiecht
Foto: Jean Schock