Risebiereklo

Heracleum mantegazzianum

Erkennen!

De Risebiereklo ass eng vun deene gréisste Krautplanzen déi een an Europa fënnt. D’Planz kann 3 bis 4 m héich ginn. Si kënnt aus dem Kaukasus an huet virun allem als Zierplanz a Beieweed hire Wee a Mëtteleuropa fonnt.
De Still ass hellgréng mat roude Flécken a meeschtens däitlech erkennbare wäissen Hoer. E kann en Duerchmiesser vu bis zu 10 cm hunn an ass huel. D’Blieder si wiesselstänneg, déif ageschnidden a lafe spatz aus. Déi ënnescht Blieder kënnen eng Längt vun 1,5 bis 3 m erreechen.
D’Planz huet normalerweis eng grouss Haaptbléi an e puer Niewebléien. D’Haaptbléi mat engem Duerchmiesser vun 20 bis 50 cm ass normalerweis méi niddereg wéi d’Niewebléien. D’Bléie si wäiss.
Déi zwee- bis méijähreg Planz blitt Uganks Juni bis Enn Juli a produzéiert duerno an der Moyenne 20.000 Somen. Wann d’Planz eng Kéier ausgesomt huet, stierft se of.
Verwiessele kann een d’Planz héchstens mam Rackebrout (Wisebiereklo), deen awer maximal 2,5 m héich gëtt a bei deem Blieder, Bléien, Still asw. wesentlech méi kleng sinn. De Still vum Rackebrout ass och anescht gefierft. Amplaz vu roude Punkten ass en éischter uniform gefierft, deels gréng, deels mof.

Wousst der schon?

De Risebiereklo enthält an alle Planzendeeler ee Jus, deen den natierleche Schutz vun der Haut géint d’ultraviolett Strahlung ophieft. A Kombinatioun mat der Luucht vun der Sonn kann dat zu schwéiere Verbrennunge féieren, déi laang brauche fir ze heelen, Pigmentflecken als Konsequenz kënnen hunn an d’Haut och nach länger Zäit duerno hypersensibel géint d’Sonnestrale maachen. Passt dofir w.e.g. op net mat der Planz a Beréierung ze komme wann Der net eng entspriechend Schutzkleedung un hutt.

Risebiereklo
Foto: M. Pfeiffenschneider