Wéngertsschleek

Helix pomatia

Erkennen!

De Wéngertsschleek ass de gréisste Schleek mat engem Haus hei zu Lëtzebuerg (Gréisst vum Kierper : bis 10 cm, Duerchmiesser vum Haus : 5-7 cm) an ass mat soss kengem Schleek ze verwiesselen. D’Faarf vum Haus ass normalerweis brong mä si kann awer och knaschteg-wäiss sinn. De Wéngertsschleek huet 4 Antennen an op deenen 2 gréisste sëtze seng Aen. Déi kleng Antenne sinn dem Schleek seng Nues.

Wousst der schon?

Wéngertsschleeke liewen an Hecken, Bëscher, Wisen a bei Fielsen, awer just do wou Kallek am Buedem ass. Si si besonnesch bei fiichtem Wieder ënnerwee. Wann et hinnen ze dréche gëtt, maachen si hiert Haus mat engem Deckel aus Kallek zou a waarden op den nächste Reen. Am Wanter vergruewen sech d’Schleeken an e Lach an de Buedem an hunn och e Kallekdeckel um Haus. Wéngertsschleeken iessen nëmme Planzen. Méiglecherweis ass de Wéngertsschleek vun de Réimer an ons Géigende bruecht ginn, well dëse Schleek bei hinnen um Menu stoung. Hei zu Lëtzebuerg ass de Wéngertsschleek deelweis geschützt, dat heescht et däerf ee just op sengem eegenen Terrain Schleeke fänke fir se ze iessen.

Wéngertsschleek
C. Heidt