Mäerzstär, Mäerzblimmchen

Scilla bifolia L.

Erkennen!

D'Mäerzblimmchen ass mat hire bloe Bléiestären an den 2 gréngen, grasaartege Blieder net ze verkennen. Do wou si virkënnt, stinn der oft ganz vill beieneen. Et fënnt ee se a Lafbëscher op fiichten, kallekräiche Biedem, zum Beispill ronderëm d'Stad. Si blitt, wéi den Numm et seet, ganz fréi am Joer, oft schonn Ufank Mäerz.

Wousst der schon?

D'Some vun der Mäerzblimmche gi vu Seechomesse verbreet. Schonn e puer Wochen no der Bléi gesäit e guer näischt méi vun dëser klenger Fréijorsplanz, déi de Rescht vum Joer als Zwiwwel am Buedem läit.

Mäerzstär, Mäerzblimmchen
Foto: T. Helminger