Wat blitt wou?

Den Nationalmusée fir Naturgeschicht zu Lëtzebuerg wëll méi Informatiounen iwwert d'Virkommen an d'Verbreedung vu verschiddene Wëllplanze kréien, déi nach relativ heefeg sinn, deenen hir Zuelen awer ofhuelen.

Fir esou vill ewéi méiglech Donnéeën ze kréien, biede mir Iech bei dëser Erfaassung matzemaachen an eis matzedeelen, wou a wéini Dir eng vun dëse Wëllplanze gesinn hutt.

Dës Informatiounen hëllefen eis, fir besser ze verstoen, firwat Planze méi rar ginn a wat mir kënne maachen, fir eis Biodiversitéit ze erhalen.

Hei sinn déi Wëllplanzen, no deene mir sichen:

Klickt op eng Foto, fir méi Informatiounen zu där Aart ze kréien oder eng Beobachtung anzeginn.