Coccinnella
Salamandra
Apis mellifera
Sciurus
Passer domesticus
Leucanthemum
Rana
Centaurea cyanus

Insekten

De Nationalmusée fir Naturgeschicht zu Lëtzebuerg wëllt méi Informatiounen iwwert d'Virkommen an d'Verbreedung vu verschiddenen Insekte kréien, déi nach relativ heefeg sinn, deenen hir Zuelen awer ofhuelen.

Fir esou vill ewéi méiglech Donnéeën ze kréien, biede mir Iech bei dëser Erfaassung matzemaachen an eis matzedeelen, wou a wéini Dir eent vun dësen Insekte gesinn hutt.

Dës Informatiounen hëllefen eis fir besser ze verstoe firwat Insekte méi rar ginn, a wat mir kenne maache fir eis Biodiversitéit ze erhalen.

Hei sinn déi Insekten no dene mir sichen:

Klickt op eng Foto fir méi Informatiounen zu der Art ze kréien an eng Donnée anzeginn.