Aktioun Päiperlek

Den Nationalmusée fir Naturgeschicht zu Lëtzebuerg an den Naturschutzsyndikat SICONA sammelen Informatiounen iwwert d'Virkommen an d'Verbreedung vu verschiddene liicht erkennbare Päiperleksaarten. Et sinn zéng Aarten, déi een nach zimmlech heefeg ze gesi kritt, och wann hir Zuelen ofhuelen.

Fir esou vill ewéi méiglech Donnéeën ze kréien, biede mir Iech eis matzedeelen, wou a wéini Dir ee vun dëse Päiperleke gesinn hutt. Dës Informatiounen hëllefen eis besser ze verstoen, firwat des Aarten méi seele ginn a wat mer kënne maache fir se ze erhalen.

Mat der Aktioun Päiperlek wëlle mir och op d'Gefäerdung vun de Päiperleken opmierksam maachen.

De Flyer  hëlleft Iech bei der Bestëmmung vun deenen 10 gesichten Aarten.
Eng gedréckten Versioun fannt Dir beim SICONA zu Ollem an am Shop vum 'natur musée'.

Op iNaturalist.LU am Guide Aktioun Päiperlek kënnt Dir Iech Fotoe vun de Päiperleken an hieren Raupen ukucken an fannt och nach weider spannend Informatiounen zu dësen Aarten.

Fir méi iwwert d’Verbreedung vun de Päiperleken gewuer ze ginn, gëtt et elo d’Méiglechkeet, fir datt jiddereen seng Beobachtungen zu Lëtzebuerg kann iwwert d'iNaturalist App (iOS oder Android), den iNaturalist.LU Website oder hei iwwert den Datenportal vum 'natur musée' androen. Op iNaturalist.LU  fannt Dir déi aktuell Donnéen zu dësen 10 Aarten am Projet Aktioun Päiperlek. Et ass ganz einfach den iNaturalist ze benotzen, dir fannt eng Rei Tutorials um YouTube Kanal vum 'natur musée'.

 

Hei sinn déi Päiperleken, no deene mir sichen:

Klickt op d'Info-Symbol "i" vun enger Aart fir méi Informatiounen ze kréien oder op d'Plus-Symbol "+" fir eng Observatioun anzeginn.

Wa méiglech, dokumentéiert är Observatioun mat enger Foto. Des Foto kënnt dir mat ärer Observatioun eroplueden.

  • Issoria lathonia
    Klengen Nackerpäiperlek
  • Polygonia c-album
    C-Päiperlek
  • Aglais urticae
    Klenge Fochs
  • Argynnis paphia
    Keesermantel
  • Papilio machaon
    Schmuebelschwanz
  • Aglais io
    Pohunnena
  • Gonepteryx rhamni
    Zitrouneblat
  • Melanargia galathea
    Schachbriet
  • Vanessa atalanta
    Admirol
  • Vanessa cardui (=Cynthia cardui)
    Dëschtelpäiperlek